Social Boys
Léif Jugendaarbechter*innen,
Am Kader vun dësem Projet, deen den infoMann zesumme mam DLJ an dem LTPES lancéiert, kréien an éischter Linn männlech Participanten d’Méiglechkeet sech 2-4 Stonnen an der Woch wärend 3 – 6 Méint fräiwëlleg an Ariichtunge vun der ausserschoulescher Kannerbetreiung z’engagéieren, a kënnen doduerch éischt Beruffserfarungen an engem spannende Beruffsfeld sammelen. Zum Schluss vun hirem Engagement kréien d’Participanten am Kader vun enger Ofschlossfeier een Zertifikat an ee Präis iwwerreecht.
Wärend hirem Asaz gi si vu Jugendaarbechter*innen, also iech, a vu Mataarbechter*innen aus der Crèche resp. der Maison Relais ënnerstëtzt. Déi fachlech Begleedung vun de professionelle Mentore gëtt vu Säite vun infoMann assuréiert.
Wann dir interesséiert sidd als Jugendhaus matzemaachen, a Jonker hutt déi fir dëse Projet a Fro kommen, dann huelt w.e.g. mat eis Kontakt op fir déi weider Demarchen ze beschwätzen: kommunikatioun@dlj.lu
An der Annexe fannt dir ee Flyer fir an ärem Haus ze verdeelen. Weidert Material schécke mir iech an den nächsten Deeg, fir ab Dezember op äre Soziale Medien ze deelen.
Bei weidere Froen zum Projet kënnt dir eis gäre kontaktéieren.
Merci fir är Ënnerstëtzung!
Pressecommuniqué vum MEGA
Bréif – Projet Social Boys.pdf
Flyer – Projet Social Boys.pdf
Hei e Video deen dir gären an är Story op Instragram oder Facebook benotze kennt:
https://www.dlj.lu/lb/wp-content/uploads/2021/12/Social-Boys.mp4