International Konferenz zum Thema opsichend Jugendaarbecht
Ofschlussbericht
Assemblée Générale
27.6.2024
Join our Team
1 Agent Administratif (m/f/d) (CDD - 30hrs)
Zesumme mat der Nationalagentur ERASMUS+ a 4Motion organiséiert d’EGMJ en Echange zwësche portugiseschen a lëtzebuergesche JugendaarbechterInnen.
Am Juni (vum 7.-10.6.2016) komme 5-7 Educatricen an Educateuren (JugendaarbechterInnen) aus Portugal hei bei eis fir 4 Deeg a Form vu Workshopen a Visitten a Jugendhaiser en informative Programm z’erliewen.
Duerno gëtt de lëtzebuergesche Grupp vu JugendaarbechterInnen a Portugal empfaangen a kritt en Abléck an déi portugisesch Jugendhaus-Aarbecht.
Ënnert dësem Link fannt dir déi offiziell Ausschreiwung op SALTO. W.e.g. schreift iech bis spéitstens den 9.4.2016 fir dësen Echange hei zu Lëtzebuerg an.
Flott wier et, wa mir Leit fannen, déi bereet sinn, hei vum 7.-10.6. de Programm matzemaachen AN OCH méi spéit (eventuell am Hierscht) mat op Portugal kommen – mee dat ass awer kee Muss fir sech kënnen anzeschreiwen. Also feel free 😉
Am Wort vum 15/3/2016 war en intressanten Artikel iwwer „Jugendobdachlosigkeit“ a Lëtzebuerg ze liesen. Ëmmer méi Jonker ënner 25 Joer verléieren aus verschiddene Grënn hiren Daach iwwert dem Kapp.
D’Team fir eisen FSE-Projet „Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes“ ass komplett!
Fannt an dësem PDF eng kléng Présentatioun vun de Mataarbechterinnen „Chargée de mission éducative“: TEAM Outreach Youth Work
Info vum Vincent Villain vun der Base nautique Lultzhausen:
No engem positive Feedback aus de läschten 2 Joer vun den Participant’en vum Move Together fannt dir am Unhang d’Datumer fir 2016.Weiderhin besteet och d’Méiglechkeet fir un aneren Datumer kennen mat ärem Grupp no Reservatioun Aktivitéiten op der Base nautique zu Lëlz ze maachen.
Zesummen mam Konschtatelier vun der COOPERATIONS vu Wolz bidde mir dest Joer déi éischt Woch August eng Konscht- a Bewegungskolonie fir jonk Menschen vun 15-25 Joer mat an ouni Behennerung un, den ART Together. D’Umeldung kennt dir direkt iwert den Agenda vum SNJ ennert folgendem Link maachen: http://agenda.snj.lu/evenement/art-together-eng-inklusiv-kolonie-mat-konscht-bewegung
Bei Froen kennt dir iech natiirlech och direkt bei mir mellen:
Vincent VILLAIN / Tel : (+352) 247864-91 / Gsm : (+352) 621 377 018