Deen Dag kucke Jonker zwëschen 12 a 14 Joer 3 Filmer a wielen zum Schluss hire Favorit eraus. Am Ganzen huele 27 europäesch Länner deel, Lëtzebuerg ass fir d’éischte Kéier mat derbäi, dat op Initiative vum Luxembourg City Film Festival mat der Zesummenaarbecht vun der Cinémathèque an der filmakademie. Präisiwwerreechung, wou déi eenzel national Resultater presentéiert ginn, fend zu Erfurt statt a gëtt via Livestream an all Land iwwerdroen.
Déi dräi Filmer déi presentéiert ginn, setzen sech virun allem mat dem Erwuese ginn, der eischter grousser Léift awer och der sexueller Orientatioun an generelle Froen zum Gender auserneen. D’Filmer lafen an der Originalsprooch a ginn op Franséisch an Däitsch sous-titréiert.
D’Entrée ass gratis, a während dem Dag ass och Iessen a Gedrénks virgesinn.
En Annexe de Communiqué de Presse mat all den Informatiounen op Franséisch an op Englesch: EFA YOUNG AUDIENCE AWARD Communiqué de presse
All Detailer zum Projet stinn och op dem Internetsite: http://www.luxfilmfest.lu/fr/hors-festival