International Konferenz zum Thema opsichend Jugendaarbecht
Ofschlussbericht
Assemblée Générale
27.6.2024
Join our Team
1 Agent Administratif (m/f/d) (CDD - 30hrs)
Säit 2014 féieren d’Jugendhaiser de „Journal de Bord“, eng zousätzlech administrativ Aarbecht, der am neien Aktivitéitsrapport, erstallt duerch de Service Jeunesse vum Educatiounsministère, Rechnung gedroe gëtt.
Op eng ganz iwwersiichtlech Manéier weist dëst Dokument, wat 2015 alles an de Jugendhaiser a Lëtzebuerg gelaaf ass.
Villmools Merci un all Jugendhaus, wat mat sengem Journal de Bord dës Aarbecht ënnerstëtzt huet!
Dir fannt de Rapport op der Homepage vum MENJE:
Rapport d’activités des maisons des jeunes au Luxembourg – Données issues des Journaux de bord 2015
Direkt als PDF hei:
Villmools Merci dofir un de Service Jeunesse!
Léif Memberen, léif Jugendhaiser, villmools Merci fir äre Versteesdemech :
Déi 13. Méint (Fiches de salaire) goufen net vergiess, si gi muer (Donneschdeg) separat vun eis verschéckt.
Eis Responsabel vum Paieservice gëtt den Ament just stonneweis remplaçéiert, dowéinst ass et an dësem Joer e bëssen anescht ewéi gewinnt.
Fannt hei dat ganz neit an aktualiséiert Konzept vun eisem Projet „Outreach Youth Work – MJ“, dee vun der EGMJ a Kollaboratioun mam Service Jeunesse vum MENJE géréiert a finanzéiert iwwer den FSE (2016-2017) gëtt: CAG Outreach Youthwork Décembre 2016
Mat engem décke Merci un alleguerten d’Partneren vum Projet: d’Jugendhaiser mat hiren ASBL’en, d’Partnergemengen, d’Membere vum Comité exécutif a vum Comité Pilotage (Oplëschtung am Konzept ze fannen)!
No engem Joer intensiver Zesummenaarbecht geet och ee besonnesch grousse Merci un de Service Jeunesse vum MENJE an un den FSE fir d’Finanzéirung.
Merci un d’Team „Outreach“ fir hirt Engagement a fir déi gutt Pionéieraarbecht 😉
Save the date: The 11th International Congress of the European Association for Mental Health in Intellectual Disability (EAMHID) is to be hold in Luxembourg, between September 21st and 23rd 2017 : eamhid_2017_-_first_announcement
Please have a look at the new Website including an attractive scientific program http://www.eamhid.lu
Registrations are now opened on http://eamhid.lu/index.php/luxembourg-2017/registration.
Call for Papers and Abstracts will be online from 15th January 2017!