Säit 1. Februar schafft de Mathieu Linden als „Chargé de mission éducative“ (CME) am Kader vum Outreach Youth Work zu Diddeléng. Hien ass Nofolger vum Stéphanie Martini, wat als éischt Projetsmataarbechterin säit Mäerz 2016 zu Diddeléng de Projet lancéiert huet. D’EGMJ begréisst de Mathieu am Team vun de MataarbechterInnen a wënscht him alles Guddes!
Hei dem Mathieu seng perséinlech Virstellung:
mäin Numm as Mathieu Linden, ech hun 30 Joer a sin vun Steesel.
Ech hun den 1.2.2017 als CME an der Equipe Outreach Youthwork zu Diddeleng ugefang an sin immens houffreg bei desem flotten an innovativen Projet daerfen dobei ze sin.
Ech hun 5 Joer op der Uni.lu de Studiengang “BSCE” (Bachelor en Sciences de l’éducation) suiveiert éier ech mech dozou entscheed hun meng beruflech Zukunft awer léiwer als assistant social an éducateur gradué ze verwirklechen. Ech hun e puer Joer nierwt der Uni reegelmeisseg an den Grondschoulen vum Land ersaat. Während mengem leschten Joer BSSE (Bachelor en Sciences sociales et éducatives) hun ech ee Stage vun 3 Méint beim SCAS an de Servicer “Protection de la jeunesse” an “Tutelles pour incapables majeurs” absolvéiert. Während mengen sellechen Staagen am Kader vum BSCE an beim Ersetzen hun ech immens vill Erfahrung mat an Wessen iwert Jugendlecher an jonk Menschen am allgemengen gesammelt déi mer fir dest Arbecht wärten hellefréich sin. Ech fréen mech fir kennen mat Jonken Menschen zesummen ze schaffen an hinnen op hirem perséinleche an virun allem berufflechen Wee weider ze hëllefen.