Fannt an der Annexe de Programm an d’Ausschreiwung vum Séminaire fir Jugendaarbechterinnen a Jugendaarbechter: Jonker duerch e Verännerungsprozess begleeden – Wou fänkt d’Transitioun un a wou hält se op?
Zesumme mam Service Jeunesse vum MENJE an de Kolleginnen a Kollege vum Projet « Outreach Youth Work » invitéiere mir alleguer d’JugendaarbechterInnen häerzlech op e gemeinsamen Echange doriwwer, wéi Verännerungsprozesser beim Jonken duerch methoudescht Schaffen an der Jugendaarbecht encadréiert kënne ginn.
Niewent der Uni Lëtzebuerg, déi en allgemengen Iwwerbléck iwwer Jugend an Transitioun gëtt, si mir frou iwwer d’Interventioune vu folgenden Expert’en, déi eis fir Reflexioun an Diskussioun zur Verfügung stinn :
Familljen-Center asbl: Joana Gross, Georg Christ
Impuls-SJ asbl: Jyll Duschinger, Patricia Alves
Ex-Haus Trier / Stadtjugendpflege Trier: Michaela Stoll, Michael Dahmen
Palais e.V. Trier: Andreas Haupenthal + 1 Mataarbechterin vum Projet Justiqua
Jugendtreff Hesper: Romain Juncker
Mir bieden iech, iech fir deen Dag, deen den 18. Mee 2017 an der Jugendherberge am Pafendall stattfënnt, bis 22.4.2017 op folgender E-Mails-Adress unzemellen : seminaire@egmj.lu
Fir Verfleegung gëtt gesuergt an är Participatioun ass komplett gratis.