Dëse Link féiert an d’Datebank vum Beltz Verlag, deen déi däitschsproocheg Fach-Zäitschrëft „Deutsche Jugend“ publizéiert. Do kann ee ganz intressant Artikelen iwwer Jugendaarbecht eroflueden.
Vill Spass beim Stöberen…
International Konferenz zum Thema opsichend Jugendaarbecht
Ofschlussbericht
Assemblée Générale
27.6.2024
Join our Team
1 Agent Administratif (m/f/d) (CDD - 30hrs)
Dëse Link féiert an d’Datebank vum Beltz Verlag, deen déi däitschsproocheg Fach-Zäitschrëft „Deutsche Jugend“ publizéiert. Do kann ee ganz intressant Artikelen iwwer Jugendaarbecht eroflueden.
Vill Spass beim Stöberen…
Fannt ënnert dësem Link d’Andeelung vun de Régiounen an d’Zoustännegkeete vun den Agents régionaux vum SNJ:
Ee schéine Bonjour all zesummen,
Zënter engem gudde Joer ënnerstëtzen ech d’EGMJ an administrativen an organisatoreschen Aufgaben, a war virdrun och schonn eng länger Zäit als benevole Mataarbechter aktiv.
Haut sinn ech ganz houfreg dorop, iech mat grousser Freed kënne matzedeelen, dat ech ab dem 15. Januar am Kader vu mengem neie Posten d’EGMJ an hiren aktuellen an zukünftegen Handlungsfelder ënnerstëtze wäert. Dës baséieren op de Missioune vun der EGMJ, déi am Laf vum Joer 2017 gemeinsam tëschent der EGMJ an dem MENJE elaboréiert gi sinn.
Meng Missioun besteet ënner anerem doran, déi benevol Träger vu Jugendstrukturen ze beroden a sinn am Hibléck op hire d’Qualitéits- a Personalmanagement ze begleeden. Ee weidere Volet besteet doran, déi Offen an Opsichend Jugendaarbecht hei am Land ze promovéieren an dozou bäizedroen d’EGMJ och weiderhin als ee wichtegen Acteur vun der Jugendaarbecht a Lëtzebuerg ze verankeren.
Wann Dir Froen hutt, rufft mech un um +352 26293234 oder schreift mir och gären eng E-Mail op jerome.mailliet(@)egmj.lu
Ech si Méindes bis Freides vun 9h00 bis 17h00 fir iech do. Jee no Besoin awer och zu deenen Zäiten, déi iech am beschte passen.
Ech freeë mech op eng gutt a konstruktiv Zesummenaarbecht,
Mat beschte Gréiss,
Jérôme Mailliet
D’Wunnengshëllef Asbl këmmert sech ëm Jonker a Leit, déi sech um normale Marché keng Wunneng kënne leeschten. Net nëmme wéinst den héije Loyeren geet d’Zuel vun hire Clienten erop.
Fannt méi dozou am Reportage op RTL, ënner dem folgende Link:
http://www.rtl.lu/letzebuerg/1099078.html
Hei den Avis vum „Conseil supérieur de la Jeunesse“ iwwert de Sujet vum „Logement“: 2017_11_29 Avis 02 – Logement – Thématique logement pour les jeunes
Fir administrativ Aarbechten sicht d’EGMJ ee Mataarbechter (m/w) mat minimum BAC, op der Basis vun engem halwe Posten.
Fannt hei déi konkret Stellenaussschreiwung:
Annonce Administrative Mataarbechter mi-temps EGMJ
Kandidaturen ginn nach bis 17. Januar 2018 entgéint geholl.