Wien däerf e Projet aféieren?
Hues du vill Iddien, fir méi Gesellegkeet an dengem Quartier ze bréngen? Du begleets Kanner a jonk Leit, déi bereet sinn, sech z’engagéieren? Huet däi Veräin e Projet, wouduerch sech Noper besser kenne léiere kënnen, wouduerch si sech géigesäiteg hëllefe kënnen an Zäit zesumme verbrénge kënnen? Dann ass dësen Opruff fir dech!
Wat fir Projeten?
Initiativen, wouduerch Kanner a jonk Leit hir Kreativitéit an hir Energie benotzen, fir d’Versammlunge vun Noperen ze fërderen oder fir méi Gesellegkeet an hirem Quartier, hirem Duerf oder hirer Stad ze bréngen.
Firwat dësen Opruff fir Projeten?
De ‚Fonds Delhaize‘, géréiert vun der ‚Fondation Roi Baudouin‘ zu Bréissel, wëll zu der Verbesserung vum Zesummeliewe vun den Awunner an de Quartieren, Dierfer a Stied zu Lëtzebuerg oder an der Belsch bäidroen.
Wat bidd de Fonds u?
De Fonds stellt am Joër 2018 e Gesamtbudget vu 115.000€ zu Verfügung vun de Projet, dovunner 15.000€ fir lëtzebuergesch Projeten.
Wéini?
- Gitt en Dossier fir d’Kandidatur bis zum 22/05 of
- Wiel bei engem selbststännege Jury: Juni-September
- Annonce vun den Gewënner géint den 12/11
Wéi?
- Fëllt Ären Dossier fir d’Kandidatur op Franséisch oder op Däitsch aus
- Fir méi Informatiounen, surft op www.kbs-frb.be
- Tel +32-2-500 45 55 oder per Email u proj@kbs-frb.be