International Konferenz zum Thema opsichend Jugendaarbecht
Ofschlussbericht
Assemblée Générale
27.6.2024
Join our Team
1 Agent Administratif (m/f/d) (CDD - 30hrs)
D’Traumapädagogik Konferenzwoch, organiséiert vum SOS Kannerduerf Lëtzebuerg, richt sech un all Sozialaarbechter, déi sech fir d’Ressourcen an Resilienzen vu Klienten interesséieren.
Besonnesch intressant ass si fir Jugendaarbechterinnen a Jugendaarbechter, well och si schaffen alldeeglëch mat Jonken zesummen, déi net ëmmer déi einfachst Biographien hunn, déi deelweis och vill Liewensëmweeër schon gaange sinn, fir do unzekommen, wou sie sinn.
Fannt an de folgende Brochuren an ënnert dem Link méi Info’en dozou :
Brochure_Traumapädagogik_DE_web
Brochure_Traumapädagogik_FR_web
Fannt hei e kléngen Artikel zum Thema Sport an der Jugendaarbecht, geschriwwe vun eisem Volontaire Yann.
Hie betount d’Wirkung an d’Wichtegkeet vum Sport am Hibléck op déi Aarbecht mat Jugendlëchen.
Säit dem 11. Juni gëtt d’Equipe vum Siège vun der EGMJ duerch en neie Volontaire beräichert. Mir begréissen den 20-jäerege Yann HENGEN, deen sech scho ganz séier an d’Team intégréiert huet.
Am fogenden Text stellt hien sech selwer vir:
Moien,
Ech sinn de Yann Hengen, an ech maachen am Moment meng 10e Commerce an dem ECG. Ech sinn am Service Volontaire National, an ech maachen dee bei der EGMJ. Ech hunn mer dëse Beräich ausgewielt, well en mat menger Schoul zesumme passt, an ech hoffen duerch dëse Stage vill praktesch Erfarung ze sammelen, a mech aktiv un der Aarbecht bedeelegen ze kennen.
Och wann ech nach keng professionell Erfarung an dësem Secteur hunn, hoffen ech dass ech eng hëllef ka si fir d‘EGMJ, an ech freeë mech op eng flott a leierräich Zäit. Ech wäert mäi Bescht gi fir eng Hëllef ze sinn, a géing alles gutt klappe wär et mer eng Freed mäi Service Volontaire hei ze maachen. Erreechen kennt der mech ënnert: volontaire@egmj.lu
.