Klickt hei fir den Aktivitéitebericht vun der EGMJ erof ze lueden.
International Konferenz zum Thema opsichend Jugendaarbecht
Ofschlussbericht
Assemblée Générale
27.6.2024
Join our Team
1 Agent Administratif (m/f/d) (CDD - 30hrs)
Klickt hei fir den Aktivitéitebericht vun der EGMJ erof ze lueden.
Invitatioun fir d’Personal aus de Jugendstrukturen:
Participatioun un enger Visitt vun den
EU-Institutiounen zu Bréissel, den 18. Oktober 2019
Mat grousser Freed invitéieren den CePT an d’EGMJ op den Moies-Seminaire: No Risk – no fun.
Wann dir Loscht an Zäit hutt, fir ee klénge fachlechen Austausch zum Thema Suchtpräventioun an der Jugendaarbecht, mellt iech schnell op folgendem Link un: seminaire@egmj.lu
Fir déi éischte Kéier huet d’AG vun der EGMJ den Donneschdeg Datum am Centre Culturel zu Bouneweg a Présidence vun der Madame Brigitte Ley stattfond.
Merci un déi vill fir d’Jugend Engagéiert op lokalem Niveau, de Memberen, den neie Memberen, dem aktive Verwaltungsrot, dem Qualitéitszirkel an der Equipe vum Siège.
Fannt hei e puer Impressioune vum Owend:
Offer vun der EGMJ am Kader vun der Formatioun Continue vun der Uni Lëtzebuerg, déi am Wantersemester 2019-2020 ufänkt
Am Kader vun der Formatioun « Lerncoaching in Professionalisierungsprozessen »proposéiert d’EGMJ iech a Kooperatioun mam Praxisbüro vun der Uni Lëtzebuerg eng ergänzend Offer iwwert déi zwee Semester (Oktober 2019 bis Juli 2020).
Ergänzend zu de Cours’en déi op der Uni stattfanne, bidde mir iech Aarbechtsgruppen an eng Echange-Plattform un, fir d’Matière an d’Inhalter ze diskutéieren, ze reflektéieren a praxisno
op den Terrain vun der Jugendaarbecht ze bezéien, also op déi alldeeglech Aarbecht an ärer Jugendstruktur.
De « Lerncoaching in Professionalisierungsprozessen » richt sech u Professioneller aus dem Jugendsekteur, déi StudentInnen a SchülerInnen oder nei MataarbechterInnen aschaffen a begleeden. Et geet drëms, d’Intégratioun vun neie MataarbechterInnen an de Betrib resp. d’Equipe konzeptionell ze reflektéieren a bewosst opzebauen.
Eng méi eng detailléiert Beschreiwung vum Programm fannt dir op: lerncoaching.uni.lu
Duerch déi gutt Zesummenaarbecht tëschent dem Praxisbüro an der EGMJ wäert déi Formatioun och méi op de Jugendsekteur zougeschnidde ginn.