Léif Memberen, léif Gestionnairë vu Jugendhaiser a Jugendstrukturen, léif alleguer,
Mäin Numm ass Caroll Kremer an ech sinn säit dësem 1. September Chargée de direction vum Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen.
Ech hunn un der Ludwig Maximilians Universität zu München studéiert an e Masterofschloss an der Pädagogik souwéi d’Managementformatioun fir de soziale Secteur op der IUIL gemaach.
Meng berufflech Carrière hunn ech als Enseignante fir zukünfteg Erzéier am IEES haut LTPES ugefaangen, fir dono um Familljeministère als Pädagogin ze schaffen. Uschléissend huet et mech op den Terrain gezunn, wou ech bis viru kuerzem als Directrice adjointe bei engem Gestionnaire fir verschidde Maisons relais a Jugendhaiser souwéi eng Rei weider Servicer zoustänneg war.
Ech war déi lescht 2 Joer Member an dono Vizepresidentin vum DLJ fir elo als Chargée de direction d’Gestionnairen vu Jugendstrukturen ze begleeden an ze ënnerstetzen an d’Jugendaarbecht mat iech zesummen weider ze entwéckelen.
Ech freeë mech op eng gutt Zesummenaarbecht a wäert no an no mat jidderengem Kontakt ophuelen.
Léif Gréiss,
Caroll