Léif Jugendorganisatiounen,
Den Zentrum fir politesch Bildung ass Partner bei der Ausstellung vun der World Press Photo an neimënster.
Am Kader vun dëser internationaler Pressefotosausstellung organiséiert den ZpB dozou zwee Fotosatelieren, déi sech u Jugendgruppen riichten a vum lëtzebuergesche Fotograf Patrick Galbats encadréiert ginn.
Et geet an dësem Atelier ëm d’Aussokraaft vun de Fotoen, ëm hir Echtheet an och ëm d’Influenz vum Cadrage. Déi Jonk experimentéieren dobaussen mat hirem Handy a kréien virdrun Tuyauë mat op de Wee fir Fotoen z’analyséieren a fir selwer staark Fotoen ze maachen.
Fir dësen Atelier steet nach dëse Samschdeg, den 6. Februar 2021 zur Verfügung a fënnt an neimënster statt. D’Matmaachen ass gratis.
Zéckt net iech beim Fabienne Bernardini z’informéieren an unzemellen: fabienne.bernardini@zpb.lu
Mäi Informatiounen op: https://zpb.lu/pedagogical_cpt/wpp/