Ënnerstëtzung fir Gestionnairen

Eng zentral Aufgab vum DLJ ass et, déi zum gréissten Deel bénévol opgestallte Memberstrukturen an hirem Rôle als Patron ze ënnerstëtzen, an si bäi der Planung, Implementatioun an Evaluatioun vun de villfältegen Aufgabe vun der Jugendaarbecht ze beroden an ze begleeden.

Dëst gëllt besonnesch am Hibléck op déi administrativ Aufgaben a Flichte wéi och wat d’Qualitéitssécherung an déi generell Gestioun vu Jugendstrukturen ubelaangt.

Ënnert dësem Onglet fannt dir all déi wichteg Informatiounen an Dokumenter, déi dir am Kader vun der Gestioun vun ärer Jugendstruktur braucht.