Welcome Fabienne

Gudde Moien,
Mäin Numm ass Fabienne Wildgen, ech hu 24 Joer an hu Soziologie a mengem Haaptfach esouwéi Sozialpädagogik a mengem Niewefach zu Dresden un der technescher Universitéit studéiert a freeë mech elo zu der Equipe vum DLJ ze gehéieren.
Hei hunn ech den 2. Mee als Chargée de mission ugefaangen. Meng Aufgab ass et déi verschidde Bedürfnisser vun de Memberen ze identifizéiere fir datt den DLJ seng Angeboter weider ausbauen an entwéckele kann.
An dësem Kontext wäert dir als Gestionnaire oder Mataarbechter vun enger Memberorganisatioun an nächster Zäit bestëmmt och nach méi oft vu mir héieren.
Ech freeë mech op eng gutt Zesummenaarbecht,
Léif Gréiss,
Fabienne