Join our Team – Den DLJ rekrutéiert

Den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen (DLJ asbl) rekrutéiert fir ab dem 1. September

 1 Chargé de direction (m/f)
40 Stonnen / Woch
CDI (CCT-SAS, C7)

fir folgend Aufgabeberäicher:

 Direktioun a Koordinatioun vum Service

  • Personalféierung a strategesche Management a Kooperatioun mam Conseil d’Administration

Ënnerstëtzung vun den Trägerstrukturen 

  • Berodung a Begleedung vun de gréisstendeels benevolle Memberstrukturen am Hibléck op hir Gestiounsaarbecht
  • Participatioun u Reunioune vun de Memberstrukturen
  • Planung an Duerchféierung vu Formatiounen an Austauschméiglechkeete fir d‘Memberstrukturen

Ëffentlechkeetsaarbecht a Netzwierkaarbecht

Gremienaarbecht

  • Vertriedung vun den Träger a Verhandlunge mam Ministère an aneren Instanzen
  • Vertriedung vun den Träger am Kader vum CCT-SAS
  • National an international Interessevertriedung

Folgend Qualifikatiounen a Kompetenze bréngt Dir mat:

  • Master am Beräich vun de Sozial- an Erzéiungswëssenschaften
  • Berufflech Erfarungen am soziale Secteur a Kenntnisser vum legale Kader
  • Sënn fir Verantwortung an Organisatioun
  • Exzellent strategesch an analytesch Kompetenzen
  • Exzellent kommunikativ a redaktionell Kompetenzen
  • Flexibilitéit am Bezuch op d‘Aarbechtszäiten
  • Beherrsche vun den 3 Landessproochen an Englesch
  • Sécheren Ëmgang mat digitalen Outilen
  • Führerschäin B

Erfarungen a Kenntnisser am Beräich vun der Jugendaarbecht an dem Sozialmanagement si vu Virdeel.

Dir sidd interesséiert ?
Da schéckt w.e.g. Ären Dossier mat CV, Motivatiounsbréif, Foto a Kopië vun den Diplomer an Zertifikaen, bis den 14.07.2020 un:  jobs@dlj.lu

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebieden Äre Casier judiciaire No. 3 + 5 ofzeginn.