Schléissung vum DLJ Siège

Aus aktuellem Ulass schléisst och den DLJ säi Siège an der „Maison de la Jeunesse“ komplett.

D’Team schafft am Télétravail an ass iwwer Email a Facebook fir iech erreechbar.

Eis Servicer si folgendermoossen fir iech do:

  • Service Stratégie: ouni Aschränkungen
  • Service Salaires: bal keng Aschränkungen
    Paifichen: an dësem Mount wäerten alleguerten d’Paifichen iwwer Email verschéckt, och un déi Memberen, déi fir d’Pabéierversioun virgemierkt sinn
    Supplément’en: et ka sinn, datt Supplément’en eréischt am nächste Mount matgerechent ginn
  • Service Comptabilitéit:
    et ginn Aschränkungen opgrond vun der Accèssibiliéit vum Programm, mee mir maachen eis bescht fir op är Besoin’en anzegoen

D’Emails-Adresse vun eise Servicer si wéi folgt:
strategie@dlj.lu
salaires@dlj.lu
comptabilite@dlj.lu