Lerncoaching
« Lerncoaching in Professionalisierungsprozessen »
Offer vun der EGMJ am Kader vun der Formatioun Continue vun der Uni Lëtzebuerg, déi am Wantersemester 2019-2020 ufänkt
Am Kader vun der Formatioun « Lerncoaching in Professionalisierungsprozessen »proposéiert d’EGMJ iech a Kooperatioun mam Praxisbüro vun der Uni Lëtzebuerg eng ergänzend Offer iwwert déi zwee Semester (Oktober 2019 bis Juli 2020).
Ergänzend zu de Cours’en déi op der Uni stattfanne, bidde mir iech Aarbechtsgruppen an eng Echange-Plattform un, fir d’Matière an d’Inhalter ze diskutéieren, ze reflektéieren a praxisno
op den Terrain vun der Jugendaarbecht ze bezéien, also op déi alldeeglech Aarbecht an ärer Jugendstruktur.
De « Lerncoaching in Professionalisierungsprozessen » richt sech u Professioneller aus dem Jugendsekteur, déi StudentInnen a SchülerInnen oder nei MataarbechterInnen aschaffen a begleeden. Et geet drëms, d’Intégratioun vun neie MataarbechterInnen an de Betrib resp. d’Equipe konzeptionell ze reflektéieren a bewosst opzebauen.
Eng méi eng detailléiert Beschreiwung vum Programm fannt dir op: lerncoaching.uni.lu
Duerch déi gutt Zesummenaarbecht tëschent dem Praxisbüro an der EGMJ wäert déi Formatioun och méi op de Jugendsekteur zougeschnidde ginn.