Neie Mataarbechter op der EGMJ fir de Projet „Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes“
Eisen neie Mataarbechter am Kader vum Projet „Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes“, Daniel WEIS, stellt sech vir:
Gudde Moien,
vun Abrëll bis Juni 2018 ënnerstëtzen ech d’EGMJ als Chercheur am Kader vum FSE-Projet „Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes“.
Déi lescht fënnef Joer hunn ech op der Uni Lëtzebuerg an der Jugendfuerschung geschafft an do a verschidde Projeten Abléck an déi Situatioun vu Jonker a jonk Erwuessener hei zu Lëtzebuerg kritt. Ënner anerem hunn ech am Jugendbericht 2015 matgeschafft.
Zesumme mat enger Kollegin hunn ech och de Projet „Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes“ evaluéiert a begleet. Mir hunn festgestallt, dass de Projet insgesamt e groussen Erfolleg war: Inaktiv, benodeelegt Jonker, déi hir Motivatioun verluer haten, konnten nees aktivéiert ginn a hunn eng nei Perspektiv fonnt. Mir hu mat Jonker, déi um Projet deelgeholl hunn, geschwat a si hunn eis gezielt, dass si immens frou waren iwwert d‘Hëllef an Ënnerstëtzung, déi si duerch Outreach Youth Work kritt hunn.
Ech freeë mech, dass ech déi nächst dräi Méint am Projet matschaffen a hoffentlech dozou bäidroe kann, den Erfolleg vum Projet weiderzeféieren.
Ech sinn Dënschdes an Donneschdes am Büro. Dir erreecht mech ënnert der Telefonsnummer 26 29 32 40 oder per Mail op daniel.weis@egmj.lu.