Bénévol Ënnerstëtzung gesicht: Wie kann eis hëllefen?

Fir eng gréisser schrëftlech Iwwersetzungsaarbecht vu franséischer an/oder däitscher Sprooch op lëtzebuergesch ass d’EGMJ op der Sich no enger Iwwersetzerin / engem Iwwersetzer.

Fir Transkriptioune (Verschrëftlechung) vun Audiodateien (Interview’en op lëtzebuergesch) siche mir ab direkt eng fräiwëlleg Hëllef.

Dat kënne mir iech bidden:

  • eng flott Experienz an engem aussergewéinlechen a spannenden Aarbechtsëmfeld
  • Mataarbecht an enger super Equipe
  • fir Kaffi a Kichelcher gëtt gesuergt
  • Aarbechtsplaz bei iech doheem oder um Bureau bei fräier Zäitandeelung
  • Schrëftlechen Certificat iwwer ärt bénévolt Engagement

Wann dir dem Daachverband vun de Jugendhäiser duerch ärt Matwierken ënnert Ärm gräife wëllt, mellt iech w.e.g. fir weider Informatiounen an Ofsproochen bei

Jérôme Maillet: 26 29 32 34

Simone Grün: 26 29 32 38

oder op benevolat@egmj.lu

Doriwwer eraus ass d’EGMJ ëmmer op der Sich no bénévole MataarbechterInnen. Dir fannt eis Annonce och op www.benevolat.lu

MERCI schon am Viraus! Mir freeën eis op är Kontaktopnaam!