Info vun der EGMJ fir Jugendhaiser a Jugendstrukuren iwwer den neie Kollektivvertrag CCT-SAS

Fannt hei déi neideg Informatiounen iwwer den neie Kollektivvertrag CCT-SAS, deen ab 1. Oktober 2017 a Kraaft triede wäert.

– den Avenant mam Accord, ënnerschriwwe vun de Verhandlungspartner haut de Moien: avenant et accord du 22.8.2017.compressed

– den Text vum neie Kollektivvertrag CCT-SAS mat den neie Carrièren, deen och haut signéiert gouf: CCT SAS 22 août 2017

– en Excells-Fichier fir d’Personal, mat deem gerechent ka ginn, ob fir déi individuell Carrière den neien oder aale Kollektivvertrag méi favorabel ass (just fir eng ongeféier Simulatioun): CHOIX CARRIERE CCT SAS 4

Wichteg ze wëssen ass, datt déi aal Carrièren PE3 (Bachelor/Educateur gradué) a PE5 (Educateur diplômé) automatesch an den neie Régime (PE3 = C6 ; PE5 = C4) iwwerginn, well si sech d’office verbessere wäerten.

Just déi aner Carrièren missten, am Fall wou si an den neie Kollektivvertrag wiessele wëllen, eng schrëftlech Demande un de Patron maachen.

Ab Oktober ginn déi Paien vum éducative Personal automatesch vum Service Salaires op der EGMJ ugepasst.

Foto vun de Verhandlungspartner: COPAS, EGCA, EFJ, EGMJ & OGBL, LCGB