3 Etuden iwwer Jonker a Lëtzebuerg, déi sech an der Situatioun „NEET“ befannen

Fannt hei déi dräi ganz intressant Etuden, verëffentlecht am Juni 2017 vum Educatiounsministère an ausgeschafft vum SNJ zesumme mam LISER an der IGSS, an deenen d’Liewensréalitéiten vu Jonken an NEET-Situatioun präzis beliicht ginn.

Déi dräi Etuden verschaffen déi a Lëtzebuerg gesammelt Kenntnisser iwwer Jonker, déi net an der Schoul, net an enger Beschäftegung oder Formatioun sinn an droen esou zu enger Verbesserung vum allgemenge verfügbare Wësse bäi.

Déi Dokumenter weisen d’gesellschaftlech Verantwortung fir dëse „vulnérabele“ Grupp a bidde fir Jugendstrukturen eng Reflexiounsbasis vun hire pädagogeschen Usäz.

rapp-decr

rapp-decr-2

rapp-heterogene

Hei nach en Artikel dozou am Lëtzebuerger Wort: 20170626NeetEtude_ArtLW

Link vum Projet „Outreach Youth Work – Maisons des Jeunes“, deen säit Januar 2016 vun der EGMJ a Collaboratioun mam Service Jeunesse vum MENJE géréiert gëtt, an iwwer den FSE finanzéiert ass: https://www.facebook.com/OutreachYouthWork/

Link vum MENJE mat alle Publicatiounen am Jugendberäich: http://www.men.public.lu/fr/actualites/publications/enfance-jeunesse/statistiques-analyses/jeunesse/index.html