Réckbléck Inauguratioun vum Ubau vum Mierscher Jugendhaus de 5. Mee 2017
A Präsenz vum Educatiounsminister, de Gemengeverantwortlech, der ASBL, alleguerten de Partner, Gemengeservicer, dem Gemengepaschtouer, den Educateuren a ganz ville Jonken an interesséierte Bierger huet d’Inauguratioun vum Ubau vum Mierscher Jugendhaus de 5. Mee stattfond. D’EGMJ war frou, och zu den Invité’en ze gehéieren, déi un dësem flotten an impressionante Moment an der laanger Geschicht vun der Jugendhaus Miersch asbl deelhuele konnten. Hei ee puer Andréck vun engem ganz gelongenen Owend: