Offiziell Virstellung an Iwwerreechung vum VADEMECUM 3. Abrëll 2017 um 18h00 / Häerzlech Invitatioun un all d’Membere vun der EGMJ
2016 ass an engem kontinuéierleche Prozess vum EGMJ-Qualitéitszirkel ënnert der Leedung vun der Qualitéitsbeoptragt Fernande Klares, ausgoend vun der Members-Enquête duerch eist Virstandsmember Thérèse Michaelis, e VADEMECUM ausgeschafft ginn. De VADEMECUM ass ee praktesche Guide fir Träger vu Jugendstrukturen, den a Form vu Classeur eng Textsammlung spezifesch fir Gestiounswësse bereet hält.
D’Häerzstéck bilt dat vun der EGMJ mam Qualitéitszirkel ausgeschaffte Kapitel iwwer de Personalmanagement. Op eng onkomplizéiert Manéier ginn dem Träger Inhalter vum Personalmanagement, wéi och konkret Outil’en fir seng praktesch Ëmsetzung nobruecht.
Weider Kapitele sinn:
– Introduktioun mat Resultater vun de Selbstevaluatioune vun den Träger vu Jugendhaiser an den Telefonsinterviews mat laangjäregem Jugendhaus-Personal
– relevant Gesetzer
– administrativ Prozedure vum Jugendhaus
– Kollektivvertrag
an et ass Plaz virgesi fir eegen Dokumenter.
D’Team, de Verwaltungsrot an de Qualitéitszirkel si frou, iech heimat déi offiziell Virstellung an Iwwerreechung kënnen unzekënnegen, déi den 3. Abrëll um 18h00 an engem feierleche Kader a mat geluedener Press stattfanne wäert. D’EGMJ ass ganz frou, domat eng weider konkret Moossnam unhand vun de Resultater vun der Members-Enquête kënnen ëmzesetzen. Am Kader vun der EGMJ-interner Qualitéitssécherung ass dat ee weidere Schrëtt fir op d’Besoin’en vun hire Memberen anzegoen.
W.e.g. notéiert iech den 3.4.2017 um 18 Auer am Konferenzsall vun der EGMJ. Mir freeën eis elo schonn op är Participatioun!