„Pose de pierre“ vum neie Jugendhaus Foussbann zu Differdange
E Freideg de 17te Mäerz, a Präsenz vum Erzéiungsminister Claude Meisch, dem Buergermeeschter Roberto Traversini, dem Schäffen-a Gemengerot, de JugendaarbechterInnen aus de Jugendhaiser an hire Comitésmemberen, den Architekten an Ingenieuren, a virun allem a Präsenz vun de Jonken, hunn d’Stad an de Jugendtreff Déifferdang ageluede, fir um Site vum alen AS Differdange Terrain am Fuussbann, de Start ze gi fir de Bau vun engem neie Jugendhaus.
Dëst Jugendhaus ass net nëmme FIR déi Jonk mee virun allem MAT deene Jonken zesumme gestalt ginn. Si hunn sech reegelméisseg op Workshoppe gesi fir hien Iddien auszetauschen, an dorausser entsteet elo eng multifunktionell Hall, wou een op 1200 m2 divers Aktivitéite wéi Skateboard fueren oder Indoor Foussball spille kann.
All déi Bedeelegt hunn hier Begeeschterung fir dëse Bau gedeelt a freeën sech op d’Aweiung déi am September 2017 soll stattfannen.
Fannt hei e puer Impressioune vun der feierlecher „Pose de pierre“ vun der MJ Foussbann Differdange: