INVITATIOUN: Séminaire fir JugendaarbechterInnen „Jonker duerch e Verännerungsprozess begleeden“, den 18.5.2017 vun 8:30-17:00

Fannt an der Annexe de Programm an d’Ausschreiwung vum Séminaire fir Jugendaarbechterinnen a Jugendaarbechter: Jonker duerch e Verännerungsprozess begleeden – Wou fänkt d’Transitioun un a wou hält se op?

Zesumme mam Service Jeunesse vum MENJE an de Kolleginnen a Kollege vum Projet « Outreach Youth Work » invitéiere mir alleguer d’JugendaarbechterInnen häerzlech op e gemeinsamen Echange doriwwer, wéi Verännerungsprozesser beim Jonken duerch methoudescht Schaffen an der Jugendaarbecht encadréiert kënne ginn.

Niewent der Uni Lëtzebuerg, déi en allgemengen Iwwerbléck iwwer Jugend an Transitioun gëtt, si mir frou iwwer d’Interventioune vu folgenden Expert’en, déi eis fir Reflexioun an Diskussioun zur Verfügung stinn :

Familljen-Center asbl: Joana Gross, Georg Christ

Impuls-SJ asbl: Jyll Duschinger, Patricia Alves

Ex-Haus Trier / Stadtjugendpflege Trier: Michaela Stoll, Michael Dahmen

Palais e.V. Trier: Andreas Haupenthal + 1 Mataarbechterin vum Projet Justiqua

Jugendtreff Hesper: Romain Juncker

Mir bieden iech, iech fir deen Dag, deen den 18. Mee 2017 an der Jugendherberge am Pafendall stattfënnt, bis 22.4.2017 op folgender E-Mails-Adress unzemellen : seminaire@egmj.lu

Fir Verfleegung gëtt gesuergt an är Participatioun ass komplett gratis.

Seminar_invitation_PRINTA4_v2