Programm fir den Esch Festival du Film Intergénérationnel – EFFI vum 30.3. bis 1.4.2017

Hei d’Affiche an de Programm fir den Esch Festival du Film Intergénérationnel – EFFI dee vum 30. Mäerz bis den 1. Abrëll am Kinossall vun der Kulturfabrik stattfënnt.

D’Séance vun „Les héritiers“ déi de Samsten 1. Abrëll um 14h00 gespillt gett riicht sech virun allem u Jonker. Dës Séance gëtt spéziell fir d’Jugendhäiser fräigehalen an d’Organisateure wiere frou wann d’Thématique vun der Shoah kéint an enger Aktivitéit mat de Jonken matagebonne ginn. Nom Film intervenéiert den Här Schroeder Frank, Directer vum Musée national de la résistance vun Esch a geet nach emol mat de Jonken zesummen an Théma an.

affiche et programme

Effi 2017-brochure