Informatiouns-Réunioun EGMJ mam SNJ

A Collaboratioun mam Qualitéitszirkel invitéiert d’EGMJ alleguerten hir Memberen an eng Informatiouns-Réunioun mam SNJ.

D’EGMJ ass frou doriwwer, kënnen den Här Claude BODEVING (SNJ- Responsable Unité Développement de la qualité) an d’Madame Kim SCHORTGEN (SNJ- Ressources secteur jeunesse) als Referenten deen Owend begréissen ze dierfen.

Si wäerten den Dispositif vum neie Jugendgesetz fir Träger vu Jugendstrukturen virstellen, an op den nationale Bildungsrahmenplan agoen.

D’Réunioun fënnt Mëttwoch, de 15.2.2017 um 18:15 am Konferenzsall vun der EGMJ statt.