Réckbléck Assemblée Générale vun der EGMJ vum 8. Juni 2016
A Präsenz vu bal all de Memberen huet d’EGMJ den 8. Juni 2016 hir Generalversammlung ofgehaalen an d’Joer 2015 ofgeschloss.
D’Team an de Bureau exécutif soen de villen Engagéierten a Bénévolen en décke Merci fir déi onkomplizéiert a konstruktiv Zesummenaarbecht a fir hirt Engagement an de verschiddene Gremie vun der EGMJ.
Besonnesch begréisst d’EGMJ déi nei bénévol Qualitéitsbeoptragt, d’Madame Fernande Klares, vun der „Jugendhaus Gemeng Betzder asbl“, déi och schonns mat der Virgängerin, der Madame Thérèse Michaelis, am Kader vum Qualitéitszirkel zesumme geschafft huet. No 2-jäeregem Asaaz als Qualitéitsbeoptragten huet d’Madame Thérèse Michaelis de Posten ofginn, dee si vum Här Guy Antony (dem éischte bénévole Qualitéitsbeoptragten) iwwerholl haat. D’EGMJ seet hir ee grousse Merci fir hiren Asaaz, an ass ganz frou, datt si och nach weiderhin mat hirer Kompetenz zur Verfügung steet.
Zousätzlech ass d’Memberschaft vun der EGMJ gewuess: D’EGMJ begréisst d'“Europäische Vereinigung für Eifel Ardennen ASBL“ a freet sech op intressant Impulser a wäertvoll Synergien am Hibléck op d’Jugendaarbecht.
Hei sinn nach e puer Impressioune vun der Versammlung…