Europäesch Ëmfro zum Impakt vun der Corona-Pandemie op de Jugendsecteur vun der Uni.lu

Gudde Moien zesummen,

wéi schonn beim Conseil consultatif vum Menje iwwert Jugendaarbecht ugekënnegt, géifen mir als Uni/Jugendfuerschung Iech gären ëm ee Gefale froen fir eng Etude ze lancéieren.

Mir si Member vun engem Fuerschungsnetzwierk (RAY), dat an der Coronapandemie eng europäesch Ëmfro zum Impakt vun der Pandemie op de Jugendsecteur lancéiert huet. Déi Ëmfro wend sech u jidfereen, deen op iergendeng Aart a Weis an der Jugendaarbecht täteg ass, sief et benevol oder haaptamtlech, an engem Projet oder enger Struktur oder am Jugendsecteur oder ausserhalb. D’Ëmfro gëtt och vun Anefore an dem Menje ënnerstëtzt, si leeft den Hierscht an de Wanter. Si ass a ville Sproochen disponibel.

Mir maachen fir Lëtzebuerg eng eegen Auswäertung an ergänzen d’Ëmfro wahrscheinlech mat qualitativen Erhiewungen. Mir denken, dass et wichteg ass, dass vill Jugendaarbechter zu Lëtzebuerg matmaachen, fir kënnen ze weisen, wéi een Impakt d’Pandemie op de Secteur hat an huet a virun allem ze gesinn, wéi de Secteur sech ugepasst huet a wat en nach vu Ressourcen brauch.

Link zur Ëmfro
Villmools Merci!
Christiane Meyers & Sandra Biewers
Université du Luxembourg
Centre of Childhood and Youth Research (CCY)