Formatioun „Travailleur Designé – Grupp A“
Et sinn nach Plaze fräi
Et ass gesetzlech virgeschriwwen, datt all Betriib en « Travailleur désigné » (TD) muss hunn, dee fir d’Sécherheet an d’Gesondheet am Betriib zoustänneg ass. Dat betrëfft och all d’Members-ASBL’e vum DLJ. Den Certificat vum TD misst ärem Agrémentsdossier beigefügt ginn.
Fir Gestionnaire vu Jugendstrukturen ënner 15 Mataarbechter bitt den DLJ a Koopératioun mam Service Jeunesse vum MENJE eng Formatioun vun 12 Stonnen zum Präis vun 225,-€ un.
Plaz : Konferenzsall um Siège vum DLJ (2. Stack Maison de la Jeunesse)
Präis : 225.-€
Formateur : Mike Hoffmann, CSST a Kollaboratioun mat der ITM
W.e.g. mellt iech schnell iwwer E-Mail dofir un : td@dlj.lu
Leave a Comment