Eisen neie Mataarbechter op dem Universitaires-Posten stellt sech vir!
Ee schéine Bonjour all zesummen,
Zënter engem gudde Joer ënnerstëtzen ech d’EGMJ an administrativen an organisatoreschen Aufgaben, a war virdrun och schonn eng länger Zäit als benevole Mataarbechter aktiv.
Haut sinn ech ganz houfreg dorop, iech mat grousser Freed kënne matzedeelen, dat ech ab dem 15. Januar am Kader vu mengem neie Posten d’EGMJ an hiren aktuellen an zukünftegen Handlungsfelder ënnerstëtze wäert. Dës baséieren op de Missioune vun der EGMJ, déi am Laf vum Joer 2017 gemeinsam tëschent der EGMJ an dem MENJE elaboréiert gi sinn.
Meng Missioun besteet ënner anerem doran, déi benevol Träger vu Jugendstrukturen ze beroden a sinn am Hibléck op hire d’Qualitéits- a Personalmanagement ze begleeden. Ee weidere Volet besteet doran, déi Offen an Opsichend Jugendaarbecht hei am Land ze promovéieren an dozou bäizedroen d’EGMJ och weiderhin als ee wichtegen Acteur vun der Jugendaarbecht a Lëtzebuerg ze verankeren.
Wann Dir Froen hutt, rufft mech un um +352 26293234 oder schreift mir och gären eng E-Mail op jerome.mailliet(@)egmj.lu
Ech si Méindes bis Freides vun 9h00 bis 17h00 fir iech do. Jee no Besoin awer och zu deenen Zäiten, déi iech am beschte passen.
Ech freeë mech op eng gutt a konstruktiv Zesummenaarbecht,
Mat beschte Gréiss,
Jérôme Mailliet