Réckbléck Assemblée Générale vun der EGMJ vum 20. Juni 2017

A Präsenz vun 33 Memberen huet d’EGMJ hir Generalversammlung ofgehaalen a seet all de Participant’en ee GROUSSE MERCI fir hir Präsenz a fir déi super Zesummenaarbecht!

Ee vun den Haaptpunkten um ODJ war d’Wiel vu 6 neien an „aalen“ Administrateuren, déi den aus insgesamt 10 Membere bestoenden CA komplettéieren. An der uschléissender Versammlung vum neien CA sinn d’Posten folgendermoosse verdeelt ginn:

  • Roger Faber : Präsident
  • Brigitte Ley : Vize-Präsidentin
  • Alain Cornély : Trésorier
  • Catherine Jezek : Secrétaire
  • Thérèse Michaelis : Administrateur
  • Guy Antony : Administrateur
  • Jeff Gangler : Administrateur
  • Fernand Sauer : Administrateur
  • Laurent Hurt : Administrateur
  • Franz Bittner : Administrateur

D’EGMJ heescht déi nei Administrateuren M. Laurent Hurt vun der CRIAJ Grevenmacher asbl a M. Franz Bittner vun der EVEA asbl (Groupement Européen des Ardennes et de l’Eifel) häerzlech Wëllkomm!

No engem Joer Amtszäit huet och de Posten vum bénévole Qualitéitsbeoptragte gewiesselt: D’Madame Fernande Klares huet no engem aarbechtsräiche Joer der Madame Jacquie Hueber d’Weideraarbecht un de Qualitéitssujet’en zesumme mam Qualitéitszirkel iwwerginn.

D’EGMJ freet sech iwwer déi vill bénévol Engagementer an op eng gutt verbandsintern Zesummenaarbecht!

Hei eng Foto vum neien CA (et feelt de Fernand Sauer):

Hei eng Foto vun der Equipe vum Siège (net dobäi sinn eis 5 MataarbechterInnen vum Projets-Team „Outreach Youth Work“):