Neien administrative Mataarbechter um Siège vun der EGMJ: Jérôme MAILLIET
D’EGMJ a.s.b.l. ass immens frou, säit 1.2.2017 am Beräich vun der administrativer Aarbecht an der Qualitéitsentwécklung duerch de Jérôme Mailliet verstäerkt ze ginn. Scho säit Mee 2015 schafft hien am Kader vu sengem Bénévolat um Siège vun der EGMJ mat a konnt elo mat 20h/Woch engagéiert ginn. Häerzlech Wëllkomm Jérôme!
Hei stellt hie sech kuerz selwer vir:
Als neien administrative Mataarbechter vun der EGMJ stellen ech mech gäre kuerz vir.
Mäi Numm ass Jérôme Mailliet an ech hunn 28 Joer. Ech hunn mäin Studium an der Sozialer Aarbecht zu Freiburg gemaach, a si grad dobäi mäin Master mam Schwéierpunkt Sozialmanagement zu Köln fäerdeg ze stellen.
Nieft dem Schreiwe vu menger Masterthesis, ënnerstëtzen ech säit dem 1. Februar 2017 d’Equippe vun der Entente an administrativen an organisatoreschen Aufgaben.
Den een oder anere wäert mech sécherlech och nach als benevole Mataarbechter vun der EGMJ kennen, wou ech säit knapp 2 Joer dobäi sinn an ënner anerem am Kader vum Qualitéitszirkel matgewierken.
Wann Dir Froen hutt, rufft mech einfach un (Tél: 26 29 32 34) oder schreift mir och gären eng E-Mail (jerome.mailliet@egmj.lu).
Ech si Méindes an Dënschdes vun 9h00 bis 16h30, a Mëttwochs vun 9h00 bis 15h30 fir Iech do.
Ech freeë mech op eng gutt a konstruktiv Zesummenaarbecht,
Mat beschte Gréiss,
Jérôme Mailliet