EGMJ iwwergëtt hir aal Computeren un den TABA-Buttek vum CNDS
Freideg, de 6. Januar 2017 huet am klénge Krees d’Iwwereechung vun den aale Computeren vun der EGMJ un den TABA-Buttek stattfond. De Präsident Rober FABER, den Trésorier Alain CORNELY mam Team vun der EGMJ, wéi och de Chargée de direction vum Abrigado Patrick KLEIN si frou, datt op déi Manéier dat fir eng Administratioun net méi adéquat informatescht Material awer nach säin Déngscht viru ka leeschten.
Den TABA-Buttek ass ee Projet vum Abrigado, an deem Spillsaachen fir e gudden Zweck gesammelt a verdeelt ginn.
Méi Infoen ënner www.cnds.lu