D’Team vun der EGMJ braucht administrativ Verstäerkung!

Fannt hei d’Stellenausschreiwung, déi och am „Jobfinder“ verëffentlecht ass:

Administrative Mataarbechter (m/w) mat minimum BAC
CDI vun 20 Stonnen d’Woch (Carrière PA3 – CCT-SAS)
D’Entente vun de Gestionnairë vun de Jugendhaiser a Lëtzebuerg ass als Daachverband zoustänneg fir d’Ënnerstëtzung vun den ASBL’en, déi Gestionnaire vu Jugendhaiser a Jugendservicer sinn.
Fir d’Mataarbecht an eisem Siège siche mir en zouverlässegen, experimentéierten an flexibele Mataarbechter (m/w) fir folgend Aufgaben:
Sekretariat:
– Etablissement vu schrëftlechen Dokumenter vun all Zort (Rapporten, Compte rendu’en, Bréiwer, Informatiounstexter)
– Elaboratioun vu Projetsdemanden an –évaluatiounen op nationalem an internationalem Niveau
– Organisatioun vu Réuniounen an Informatiounssammlung op Demande vun eise Memberen
– Organisatoresch Aarbechten (Reservatiounen, Commanden,…)
– Maintenance vun der Internet- / Facebookpräsenz
– Erstellung vu PR Material (Flyer, Affichen)
– Kontaktpersoun fir d’Memberen bei allgemenge Froestellungen
Service Salaires & Service Comptabilité:
– Assistenz a Remplacement am Fall vu Bedarf
Folgende Profil gëtt gebraucht:
– Excellent redaktionell a mëndlech Kenntnisser op 3 Landessproochen (lux, fr, dt)
– Ganz gutt Computerkenntnisser : Office a Photoshop
– Flexibilitéit an den Aarbechtszäiten
– Führerschäin Klass B
– Kenntnisser am Beräich vun de Salairen a vun der Comptabilitéit sinn en Atout

D’Kandidatur mat der Referenz, Liewenslaf a Foto si bis de 24. Januar 2017 ze schécken un:
EGMJ a.s.b.l.
M. Roger FABER (President)
87, route de Thionville
L-2611 Luxembourg

E-Mails-Adress: info@egmj.lu

Fannt hei d’Ausschreiwung als PDF: Anzeige