Konferenz vum MEGA: Männer an der Chancegläichheetspolitik, 17.10.2016
De Ministère de l’Egalité des chances organiséiert an Zesummenarbecht mam däitschen Familljeministère eng grouss International Konferenz zum Thema “Männer an der Chancegläichheetspolitik” matt engem Schweierpunkt op d’Thema “Men and Care”. Ennert dest Thema fällt och d’Thema Männer an den sougenannten CARE-Jobs, d.h. an denen Jobs am sozialen Beräich oder nach d’Pflege- a Gesondheetsberuffer déi nach emmer méi staark vun Meedercher an Fraen besaat ginn. Am Kader vun engem WS soll bessen méi genee ergrend ginn, waat d’Ursaachen sinn, an wéi e Männer méi stark kann fir esou Jobs gewannnen. An Däitschland ginn et esou Initiativen wéi z.B. „Mehr Männer in Kitas“.
En annexe fannt dir d’Brochure zur ganzer Konferenz, déi um Mëtteg vum 17.10.2016 matt engem méi politeschen an ministeriellen Deel unfänkt. Owes ass eng flott Receptioun. Den Daag drop sinn déi eenzel Workshops, dorenner den WS 3 MEN IN CARE JOBS mam Alex Kries an Stephan Höyng.