Echange tëschent JugendaarbechterInnen aus Portugal a Lëtzebuerg, 7.-10.6.2016

Zesumme mat der Nationalagentur ERASMUS+ a 4Motion organiséiert d’EGMJ en Echange zwësche portugiseschen a lëtzebuergesche JugendaarbechterInnen.

Am Juni (vum 7.-10.6.2016) komme 5-7 Educatricen an Educateuren (JugendaarbechterInnen) aus Portugal hei bei eis fir 4 Deeg a Form vu Workshopen a Visitten a Jugendhaiser en informative Programm z’erliewen.

Duerno gëtt de lëtzebuergesche Grupp vu JugendaarbechterInnen a Portugal empfaangen a kritt en Abléck an déi portugisesch Jugendhaus-Aarbecht.

Ënnert dësem Link fannt dir déi offiziell Ausschreiwung op SALTO. W.e.g. schreift iech bis spéitstens den 9.4.2016 fir dësen Echange hei zu Lëtzebuerg an.

Flott wier et, wa mir Leit fannen, déi bereet sinn, hei vum 7.-10.6. de Programm matzemaachen AN OCH méi spéit (eventuell am Hierscht) mat op Portugal kommen – mee dat ass awer kee Muss fir sech kënnen anzeschreiwen. Also feel free 😉

https://www.salto-youth.net/tools/european-training-calendar/training/partnership-building-activity-between-luxembourg-and-portugal.5660/